Matmaachen beim Project Gutenberg


Project Gutenberg lieft vun de Bäiträg vu Fräiwëllegen. Op dëser Säit gitt dir gewuer wéi dir selwer kënnt Bicher scannen (oder oftippen wann der vill Zäit hutt :-), wéi der se formattéiere musst a wat fir eng rechtlech Detailer ze considéréiere sinn. Mir soen am Viraus Merci fir är Ënnerstëtzung!!!


Copyright zu Lëtzebuerg


Natirlech därf een e Buch net einfach scannen/oftippen an um Internet publizéieren, domatt mëcht een sech wéinst dem Copyright strofbar! Et ass awer esou dass de Copyright an deene meeschte Länner no enger Rei Joeren automatesch verfällt, domatt geet e Buch dann an de "public domain" iwwer a kann iwwerall a vu jidderengem publizéiert a reproduzéiert ginn. D'Gesetzer sinn an all Land e bëssen aanescht, zu Lëtzebuerg verfällt de Copyright 70 Joer nom Doud vum Auteur:

Art. 9.
1. Les droits d'auteur se prolongent pendant 70 ans après le décès de l'auteur au profit de ses héritiers et de ses ayants droit.
2. Lorsque l'oeuvre est le produit d'une collaboration telle que les apports des collaborateurs sont inséparables, les droits d'auteurs existent au profit de tous les ayants droit jusque 70 ans après la mort du survivant des collaborateurs. La protection d'une œuvre audiovisuelle prend fin 70 ans après le décès du dernier survivant parmi les personnes suivantes: le réalisateur principal, les auteurs du scénario, des dialogues et des compositions musicales, avec ou sans paroles, spécialement créées pour être utilisées dans l'oeuvre, qu'ils soient coauteurs ou non.
3. La durée des droits d'auteur sur les oeuvres anonymes, pseudonymes et dirigées est de 70 ans à compter du jour où l'oeuvre a été licitement rendue accessible au public. Cette durée court pour chaque élément séparément si l'oeuvre est publiée par volumes, parties, fascicules, numéros ou épisodes. Si l'identité de l'auteur de l'oeuvre anonyme ou pseudonyme est établie, l'auteur ou ses ayants droit peuvent revendiquer la protection pendant toute la durée visée au paragraphe 1.
4. Toute personne qui, après l'expiration de la protection par les droits d'auteur, publie ou communique licitement au public, pour la première fois, une oeuvre non publiée auparavant, est investie de droits patrimoniaux équivalant à ceux dont bénéficie l'auteur, pendant une durée de 25 ans à compter du moment où l'oeuvre a été pour la première fois publiée ou communiquée au public.
5. Les durées indiquées dans le présent article sont calculées à partir du 1er janvier qui suit le fait générateur.
MEMORIAL A-No. 50 Avril 2001 - DROITS D'AUTEUR, DROITS VOISINS ET BASES DE DONNEES

Dir kënnt also all lëtzebuergescht Buch scannen/oftippen wou den Auteur viru mindestens 70 Joer verstuewen ass, an dëst Buch dann un de Gutenberg Project weiderginn!

> International Regelen vum Project Gutenberg


E neit Buch / Wierk an de Projet setzen


Wann dir e neit Buch an de Projet iwwerdroe wëllt musst dir als éischt sëcherstellen dass de Copyright vum Buch verfall ass. Mir kënne keng Bicher iwwerhuelen bei deenen de Copyright-Status net 100% kloer ass!

Texter fir de Projet sinn am beschten einfache Plain Text (ASCII). Aaner Formater kënnen och akzeptéiert ginn, ASCII Text ass awer de 'klengste gemeinsame Nenner'. 'Modern' Programmformater si manner gutt, well eis Texter och iwwer laang Zäit solle verfügbar bleiwen. Verschidden Texter am Projet sinn 20 oder 30 Joer aal, ASCII war ëmmer e Standard a wärt et och ëmmer bleiwen.

Bicher kënnen ofgetippt oder (wat haut wuel méi einfach ass) gescannt ginn. Nom scannen gëtt d'Bild per OCR software (Optical Character Recognition, ass meeschten beim Scanner dobäi) an Text ëmgewandelt, meeschtens ginn 99% vun de Buchstawen richteg erkannt. Deen 1% dee bleift ass dee gréisste Problem, hei muss Korrektur gelies a manuell verbessert ginn.

An engem nächste Schrëtt gëtt den Text an en 'eBook' emgewandelt. All Zeil huet maximal 72 Zeechen, Paragraphen ginn duerch 2 Zeilenëmbrëch markéiert. Och Biller kënnen am Projet iwwerholl ginn, se sollte propper gescannt an am PNG, GIF oder JPEG Format gespäichert sinn (w.e.g. op déi héichsten Opléisung verzichten).

Weider Informatioune ginn a nächster Zukunft hei veröffentlecht !

> Internationalen HOWTO


Korrektur liesen


Am Joer 2000 huet den Charles Franks "Distributed Proofreaders" gegrënnt fir d'Digitaliséieren vu Public Domain Bicher ze ënnerstëtzen. Ursprünglech war geplangt Project Gutenberg ze ënnerstëtzen, enzwëschen ass Distributed Proofreaders d'Haaptsource vun Project Gutenberg eBooks. 2002 ass Distributed Proofreaders en offiziellen Project Gutenberg Website ginn. All Korrekturlieser, Manager, Entwéckler etc si Fräiwëlleger!

> Distributed Proofreaders